Rallye : Virun der Arrivée op der Pointe du Trec’h

Wann dir beim Bojenfeld vu der Pointe du Trec’h oder vu Port d’Arradon ukommt, kritt dir vun engem Mataarbechter vun « Nautic-Sport » eng Bouée zougewisen ( VHF Kanal 6 ). Hien kënnt iech mat engem Semi-Rigide hëllefen, fir un d’Bouée ze goen, a bréngt iech dann op d’Pointe du Trec’h … an do gëtt et sportlech !

Preparéiert am viraus 2 Amarren riets a lénks um Virschëff, fir iech un der Bouée festzemaachen.

D’Melusina wëllt sécher sinn, dass déi Equipagen, déi säi Schatz an d’Gräpp kréien, mental a kierperlech op der Héicht sinn. Dofir invitéiert hat iech op der Pointe du Trec’h op en « TRIATHLON BRETON » . 3 sportlech Defien, fir him ze weisen dass dir toppfit sidd.

Notzt déi Zäit, déi dir elo nach ënnerwee sidd, fir iech ze preparéieren, an ze decidéieren, wien a wéi enger Disziplin untrëtt. Mir brauche vun ärem Equipage :

  • 2 Leit fir en Challenge um WASSER : Kayak fueren
  • 2 Leit fir en Challenge u LAND : lafen an Trottinett fueren
  • 2 Leit fir en Challenge an der LOFT : Petanque spillen

All Crewmember muss dobäi op d’mannst bei enger vun den 3 Aktivitéite matmaachen.

De Skipper an de Co-Skipper dierfen och matmaachen, mussen awer net.

Decidéiert elo, wien déi verschidden Aktivitéite mécht, fir dass déi Leit sech entspriechend preparéiere kënnen, an déi richteg Saache mat u Land huelen.

Déi 2 déi KAYAK FUEREN sollen eppes undinn, wat eventuell kann naass ginn (Schwammbox / Maillot oder Short + T-shirt). En Duch fir sech ofzedréchnen, ass och net dernierft.

Déi 2 déi LAFEN AN TROTTINETT FUEREN solle Sportstenue an Turnschlappen undinn.

Déi 2 déi PETANQUE SPILLEN solle bequeemt Gezei a Schong undinn, fir op d’Plage.

Déi Escale u Land dauert 1 ½ Stonn, halt also d’Auer am A a versicht no maximal 80 Minutten nees op där Plaz ze sinn, wou dir u Land kommt. Dir gitt dann nees zeréck op äert Boot bruecht.

All weider Informatiounen iwwer déi 3 Challengen, déi iech erwaarden, kritt dir, wann der do sidd.