Wann dir beim Bojenfeld vu der Plage du Penboc-h ukommt, geet den Equuipage mam Co-Skipper nees u Land … an do gëtt et sportlech !
Preparéiert am viraus 2 Amarren riets a lénks um Virschëff, fir iech un der Bouée festzemaachen, wann eng disponibel ass. Aanerefalls gitt dir ouni Bouée mat ärem Dinghy u Land, an de Skipper bleift u Bord an hëllt iech no 1 1/2 Stonn neew do ewech.
D’Melusina wëllt sécher sinn, dass déi Equipagen, déi säi Schatz an d’Gräpp kréien, mental a kierperlech op der Héicht sinn. Dofir invitéiert hat iech op der Plage du Penboc’h op en « TRIATHLON BRETON » . 3 sportlech Defien, fir him ze weisen dass dir toppfit sidd.
Notzt déi Zäit, déi dir elo nach ënnerwee sidd, fir iech ze preparéieren, an ze decidéieren, wien a wéi enger Disziplin untrëtt. Mir brauche vun ärem Equipage :
- 2 Leit fir en Challenge um WASSER : Kayak fueren
- 2 Leit fir en Challenge u LAND : lafen an Trottinett fueren
- 2 Leit fir en Challenge an der LOFT : Petanque spillen
All Crewmember muss dobäi op d’mannst bei enger vun den 3 Aktivitéite matmaachen. Skipper a Co-Skipper dierfen net matmaachen.
Wann no deem Triathlon nach Zäit bleift, kënnt der eventuell nach e Bonuspunkt maachen, bei engem zousätzlechen a fräiwëllegen Challenge um Stand-Up-Paddle (max. 2 Leit).
Decidéiert elo, wien déi verschidden Aktivitéite mécht, fir dass déi Leit sech entspriechend preparéiere kënnen, an déi richteg Saache mat u Land huelen.
Déi 2 déi KAYAK FUEREN sollen eppes undinn, wat eventuell kann naass ginn (Schwammbox / Maillot oder Short + T-shirt). En Duch fir sech ofzedréchnen, ass och net dernierft.
Déi 2 déi LAFEN AN TROTTINETT FUEREN solle Sportstenue an Turnschlappen undinn.
Déi 2 déi PETANQUE SPILLEN solle bequeemt Gezei a Schong undinn, fir op d’Plage.
A wien wëllt PADDLE probéieren, sollt sech besser och drop virbereeden, naas ze ginn.
Déi Escale u Land dauert 1 ½ Stonn, halt also d’Auer am A a versicht no maximal 80 Minutten nees op där Plaz ze sinn, wou dir u Land kommt, fir dann mam Dinghy zeréck op d’Boot ze fueren.
All weider Informatiounen iwwer déi 3 Challengen, déi iech erwaarden, kritt dir, wann der do sidd.
