Rallye : Insel ?

An der Bretagne gëtt et där Inselen jo vill. Grousser a klenger, bewunnter on onbewunnter … D’Melusina huet déi bestëmmt och schonn all exploréiert, hat wunnt jo scho laang genuch hei an der Géigend.

 

Et gëtt och Indizien derfir, dass hatt hei am Morbihan Frëndinne fonnt huet.

Am Bësch vu Brocéliane, net wäit vu Rennes, wou dir op der Autobunn vläicht laanscht gefuer sidd, hunn an der Zäit e puer Feeë gelieft, mat wonnerschéine Blummekrounen um Kapp. Mee viru Jorhonnerte sinn si vun do verdriwwen ginn, a sinn Richtung Süde geflücht. Kuerz är si beim Mier ukomm sinn, hunn si esou vill misse kräischen, dass aus hiren Tréinen de Golfe du Morbihan entstaanen ass. Hir Blummekrounen hunn si vun elauter Misère duerch d’Géigend geschoss, an déi sinn am Golfe du Morbihan zu Insele ginn – ganzer 365 Stéck.

 

Am Nomëtteg gi mir dann emol dohinner kucken, ob mer weider Elementer fannen, déi eis dem Melusina a sengem Schatz méi no brengen.