Rallye : Virum Départ (B)

Eis Ekipp vu Pilote begleet iech während dem Rallye.

Si schécken iech Instruktiounen, bewerten wéi gutt dir d’Defien meeschtert, alarméieren iech, wann dir an déi falsch Richtung fuert, oder soss eppes geschitt, wou dir musst drop oppassen.

 

Dir hutt jo e Seel kritt fir är Punkten a Form vu Kniet ze sammelen.

Maacht bei all Defi deen der packt e Knuet an dat Seel, da gesitt dir zu all Moment wéivill Punkten der scho gesammelt.

Heiandsdo muss äre PIlot iech vläicht och soen, dir sollt nees e Knuet erausmaachen, zum Beispill wann der falsch fuert oder wann der versicht ze fuddelen, andeems der Kniet an äert Seel maacht, déi dir net zugutt hutt.

 

Wichteg : äre WhatsApp Grupp

Fir all Equipage hu mir e WhatsApp Grupp gemaach mat der Bezeechnung « Rallye Dossard » (also beispillsweis Rallye 17 wann dir d’Boot Nummer 17 sidd).

Mir hoffen, dass et geklappt huet, dass äre ganzen Equipage an deem Grupp ass, grad wéi och 2 vun eise Piloten, déi fir iech zoustänneg sinn. Wann ee net sollt drasinn, da frot äre Pilot, dass en dee soll bäisetzen.

Am Whatsapp Grupp gesitt dir dann alleguer, wéi eng Messagen äre Pilot iech scheckt.

An dee selwechte WhatsApp Grupp schéckt dir och d’Äntwerten op déi verschidden Aufgaben déi dir kritt. Et geet natierlech duer, wann ee vun ärem Equipage dat mécht, dofir decidéiert zesummen, wien déi Missioun iwwerhëllt.

Wann dir bei engem Défi net weiderkommt, oder net wësst, wat dir wéi sollt maachen, kënnt dir och e Message an de WhatsApp Grupp schécken, fir en Joker ze zéien. Äre Pilot hëlleft iech da weider, iwwer WhatsApp oder vläicht och iwwer Telefon. Dat kascht iech dann allerdengs 1 Punkt ( = 1 Knuet an ärem Seel ) … mee besser dat, wéi wann der op eemol guer net méi weiderkommt !

 

Hei kommen dann och schonn är zwee éischt Defien.

DEFI 1

Et ass wichteg, dass dir deen éischten Defi elo direkt an Ugrëff huelt, well soss wësst der net, wou der vun der Startlinn aus sollt hifueren.

DEFI 2

Fir deen zweeten Defi hutt dir e bësse méi Zäit, an et ass iech iwwerlooss, ob dir deen nach virum Départ oder eréischt dono knackt …