Déi bretonesch Sprooch ass scho speziell.
D’Melusina huet dat bestëmmt och scho geléiert, hat lieft jo scho laang genuch hei an der Géigend. An et gëtt Indizien derfir, dass hatt hei am Morbihan Frëndinne fonnt huet.

Am Bësch vu Brocéliane, net wäit vu Rennes, wou dir op der Autobunn vläicht laanscht gefuer sidd, hunn an der Zäit vill Feeën gelieft, mat wonnerschéine Blummekrounen um Kapp. Mee viru Jorhonnerte sinn si vun do verdriwwen ginn, a sinn Richtung Süde geflücht. Kuerz är si beim Mier ukomm sinn, hunn si esou vill misse kräischen, dass aus hiren Tréinen de Golfe du Morbihan entstaanen ass. Hir Blummekrounen hunn si vun elauter Misère duerch d’Géigend geschoss, an déi sinn am Golfe du Morbihan zu Insele ginn.
Am Nomëtteg gi mir dann emol dohinner kucken, ob mer weider Elementer fannen, déi eis dem Melusina a sengem Schatz méi no brengen.
