D’Geschicht vum Siggy, déi mer iech virdrun erzielt hunn, ass nach laang net fäerdeg. Am Fong fänkt se grad eréischt un…
Enges Daags, natierlech op engem Samschdeg, huet de Siggy sech vu Jalousie net méi gepackt, a wollt onbedéngt erausfannen, wat säi Melusina dann op deem Dag mécht. Hien huet duerch d’Schlëssellach an d’Buedzëmmer geluusst, wou d’Melusina sech agespaart hat.
An do gesäit hien seng Fra wéi se an der Bidde läit, sech hir laang Hoer kämmt … an hien entdeckt, dass si amplaz vu Been e Schwanz wéi e Fësch huet.

A wéi sollt et och anescht sinn, d’Melusina huet gemierkt, dass de Siggy geluusst huet, an domat säi Versprieche gebrach huet.
Dat konnt hat net akzeptéieren an ass zur Fënster erausgesprong, flupp an d’Uelzecht. Zanterhier huet zu Lëtzebuerg keen d’Melusina méi gesinn …
Wat huet dat mat eis ze dinn ?
Och do ass d’Geschicht nach net eriwwer, well Wëssenschaftler hunn elo viru kuerzem DNA-Spuere vum Melusina an der Bretagne entdeckt. Et ass bal net ze gleewen … mee et gesäit ganz esou aus, wéi wann d’Melusina vun der Uelzecht aus dee laange Wee bis an d’Bretagne geschwomme wier, a sech do fir de Rescht vu sengem Liewen installéiert hätt. Ass dat Liewen eriwwer ? Oder ass hatt vläicht ëmmer nach an der Bretagne ?
Dat wëlle mer haut versichen erauszefannen.
Fir weiderzekommen, musse mer dem Melusina fir d’éischt emol e kloert Zeeche ginn, dass mer eis fir hatt interesséieren an seng Geschicht kennen. Dofir hei zwou wichteg Froen :
- A wéi engem Joer huet de Grof Siegfried Lëtzebuerg gegrënnt ?
- Duerch wéi vill Flëss ass d’Melusina geschwommen, fir an d’Bretagne ze kommen ?
Multiplizéiert déi 3 Ziffere vun der Joreszuel mateneen, an addéiert dann dobäi d’Zuel vun de Flëss.
Vum Resultat rechent der d’Quersumme (Additioun vun den eenzelnen Zifferen).
Vun deem wat do erauskënnt, huelt der dee Buschtaf am Alphabet, deen där Zuel entsprécht (also z.B. 1 = A an 26 = Z).
Oh je, klengt komplizéiert, mee mat ärer geballter Kompetenz a Geschicht, Geographie a Mathe wäert dat scho goen …
Schéckt dee Buchstaf ganz einfach iwwert äre WhatsApp un äre Pilot.
Äre Pilot seet dem Melusina da bescheed, dass dir d’Leisung fonnt hutt a mat him wëllt a Kontakt kommen …
