Rallye : Melusina

Ahoi, dir léif Seegler vu Lëtzebuerg.

Ech si frou, dass emol ee sech dofir interesséiert, wat aus mir ginn ass. Zu Lëtzebuerg hunn se mer zwar eng schéi Skulptur bei d’Uelzecht gesat, mee op Besuch hei bei mech a meng Frënn ass nach kee komm.

Dir sollt wëssen, dass ech net mat eidelen Hänn an d’Bretagne komm sinn. Är ech verschwonne sinn, hunn ech nach séier e puer Saachen zesummegesicht, déi fir mech wichteg waren. Déi hunn ech an enger Truh mat heihinner bruecht. Dat war awer emol en ustrengenden Transport …

Dat ass mäi Schatz, deen ech am Golfe du Morbihan a Sécherheet bruecht hunn. Mat e bësse Chance an Iwwerleeung kënnt dir e jo vläicht fannen, an domat dann och d’Rätsel ëm mäi Verschwannen opklären ?

 

Dir krut jo en Ziedel fir Koordinaten ze notéieren. Dee braucht dir elo. Deen Ziedel wäert iech no bei mäi Schatz féieren, gaaaanz no ! E bëssen ustrenge musst dir iech awer schonn …  well déi eenzel Ziffere vun de Koordinaten musst dir no an no erausfannen.

 

Déi éischt Ziffer ass net ze verpassen, si ass geografesch : et ass de Meridian, iwwer deen dir elo grad gefuer sitt, oder elo gläich wäert fueren. Huelt d’Ziffer vun deem Meridian a setzt se um Koordinaten-Ziedel op d’Positiounen 3 an 13.

 

A passt gutt op den Ziedel op, dir wäert dee nach e puer mol brauchen !

Mat de Kniet déi dir ëmmer an ärt Seel maacht, huet dat heiten näischt ze dinn.