Rallye : Defi 3

D’Geschicht vum  Siggy, déi mer iech virdrun erzielt hunn, ass nach laang net fäerdeg. Am Fong fänkt se grad eréischt un…

Enges Daags, natierlech op engem Samschdeg, huet de Siggy sech vu Jalousie net méi gepackt, a wollt onbedéngt erausfannen, wat säi Melusina dann op deem Dag mécht. Hien huet duerch d’Schlëssellach an d’Buedzëmmer geluusst, wou d’Melusina sech agespaart hat.

An do gesäit hien seng Fra wéi se an der Bidde läit, sech hir laang Hoer kämmt … an hien entdeckt, dass si amplaz vu Been e Schwanz wéi e Fësch huet.

A wéi sollt et och anescht sinn, d’Melusina huet gemierkt, dass de Siggy geluusst huet, an domat säi Versprieche gebrach huet.

Dat konnt hat net akzeptéieren an ass zur Fënster erausgesprong,  flupp an d’Uelzecht. Zanterhier huet zu Lëtzebuerg keen d’Melusina méi gesinn …

 

Wat huet dat mat eis ze dinn ?

Och do ass d’Geschicht nach net eriwwer, well Wëssenschaftler hunn elo viru kuerzem DNA-Spuere vum Melusina an der Bretagne entdeckt. Et ass bal net ze gleewen … mee et gesäit ganz esou aus, wéi wann d’Melusina vun der Uelzecht aus dee laange Wee bis an d’Bretagne geschwomme wier, a sech do fir de Rescht vu sengem Liewen installéiert hätt. Ass dat Liewen eriwwer ? Oder ass hatt vläicht ëmmer nach an der Bretagne ?

 

Dat wëlle mer haut versichen erauszefannen.

Fir weiderzekommen, musse mer dem Melusina fir d’éischt emol e kloert Zeeche ginn, dass mer eis fir hatt interesséieren an seng Geschicht kennen. Dofir hei zwou wichteg Froen :

  • A wéi engem Joer huet de Grof Siegfried Lëtzebuerg gegrënnt ?
  • Duerch wéi vill Flëss ass d’Melusina geschwommen, fir an d’Bretagne ze kommen ?

Multiplizéiert déi 3 Ziffere vun der Joreszuel mateneen, an addéiert dann dobäi d’Zuel vun de Flëss.

Vum Resultat rechent der d’Quersumme (Additioun vun den eenzelnen Zifferen).

Vun deem wat do erauskënnt, huelt der dee Buschtaf am Alphabet, deen där Zuel entsprécht (also z.B. 1 = A an 26 = Z).

Oh je, klengt komplizéiert, mee mat ärer geballter Kompetenz a Geschicht, Geographie a Mathe wäert dat scho goen …

 

Probéiert, mam Melusina Kontakt opzehuelen, andeems dir him dee richtege Buchstaf weist.

Wéi dat geet ? Ganz einfach, dir musst mat ärem Boot dee Buschtaf am Waasser zeechnen, also esou fueren, dass déi Linn déi dir dobäi zitt als dee Buschtaf ze erkennen ass. Wann der dat fäerdeg bruecht hutt, da maacht vum Tracé op ärem Plotter oder Navigatiounsprogramm eng Foto oder e Screenshot, wou een de Buschtaf erkennt, a schéckt déi Foto/Screenshot an äre Whatsapp Grupp.

 

E klengen Tip: Fir de Buschtaf am Mier ze zeechnen, dierft dir de Motor benotzen. Passt awer op dass d’Seegelen net doruechter schloen a keen onkontrolléierten Empannage (Patenthalse) geschitt. De Buschtaf muss net perfekt sinn, et geet jo duer, wann d’Melusina erkennt, wéi e Buschtaf et ass, wann et ënnert iech schwëmmt.

Passt op, dass der genuch Déift a Plaz ronderem iech hutt, keng aner Booter behënnert, an dass der net ze vill Zäit mat där Aufgab verléiert.

Wann dat alles klappt, brengt dat iech esouguer 2 Kniet an ärem Seel an ! Är Ustrengungen soll jo uerdentlech belount ginn…

 

A wann dir de Buschtaf fonnt hutt, an et net méiglech ass, deen am Mier ze zeechnen …

… well zum Beispill zevill Wand a Welle sinn …  da schéckt einfach de Buschtaf an äre WhatsApp Grupp. An deem Fall gëtt awer da just 1 Knuet amplaz 2.

De Claude seet dem Melusina da bescheed, dass dir d’Leisung fonnt hutt a mat him wëllt a Kontakt kommen …


 

L’histoire de Siggy, dont nous vous avons déjà parlé, est loin d’être terminée. En fait, elle ne fait que commencer…

Un jour, un samedi bien sûr, Siggy, rongé par la jalousie, était bien décidé à découvrir ce que sa Melusina mijotait ce jour-là. Il jeta un œil par le trou de la serrure de la salle de bains, où Mélusine s’était enfermée.

Et là, il vit sa femme, allongée dans la baignoire, en train de se peigner les longs cheveux… et il découvrit qu’au lieu de jambes, elle avait une queue de poisson.

Et, comme on pouvait s’y attendre, Mélusine s’aperçut que Siggy avait regardé par le trou de la serrure, rompant ainsi sa promesse.

Elle ne put l’accepter et sauta par la fenêtre, plongeant dans l’Uelzecht. Depuis lors, personne au Luxembourg n’a plus revu Mélusine…

 

En quoi cela nous concerne-t-il ?

L’histoire ne s’arrête pas là non plus, puisque des scientifiques ont récemment découvert des traces d’ADN de Mélusine en Bretagne. C’est presque incroyable… mais il semblerait bien que Mélusine ait nagé depuis la rivière Alzette jusqu’en Bretagne, où elle s’est installée pour le reste de sa vie. Son histoire est-elle terminée ? Ou est-elle peut-être encore en Bretagne ?

Aujourd’hui, nous allons essayer de le découvrir.

Pour cela, nous devons d’abord faire clairement comprendre à Mélusine que nous nous intéressons à elle et que nous connaissons son histoire. Voici donc deux questions importantes :

  • En quelle année le comte Siegfried a-t-il fondé le Luxembourg ?
  • Combien de rivières la Mélusine a-t-elle traversées à la nage pour se rendre en Bretagne ?

Multipliez les 3 chiffres de l’année entre eux, puis ajoutez le nombre de rivières au résultat.

À partir du résultat, calculez la somme des chiffres (addition des chiffres individuels).

À partir de là, prenez la lettre de l’alphabet qui correspond à ce chiffre (par exemple, 1 = A et 26 = Z).

Oh là là, ça a l’air un peu compliqué, mais avec vos connaissances combinées en histoire, en géographie et en maths, vous vous en sortirez très bien…

 

Essaiez de contacter Melusina en lui montrant la bonne lettre.

Comment faire ? C’est très simple : tracez la lettre dans l’eau avec votre bateau, de manière à ce que le tracé soit reconnaissable comme étant cette lettre. Une fois que vous y êtes parvenu, prenez une photo ou une capture d’écran du tracé sur votre plotter ou votre programme de navigation, montrant la lettre, et envoyez-la à votre groupe WhatsApp.

Un petit conseil : vous pouvez utiliser le moteur pour dessiner la lettre dans la mer. Veillez toutefois à ce que les voiles ne battente pas trop et que vous ne fassiez pas d’empannage involontaire. La lettre n’a pas besoin d’être parfaite ; il suffit que Melusina puisse reconnaître de quelle lettre il s’agit lorsqu’elle nage sous votre bateau.

Assurez-vous d’avoir suffisamment de profondeur et d’espace autour de vous, de ne gêner aucun autre bateau et de ne pas passer trop de temps sur cette tâche.

Si vous réussissez tout cela, cela vous rapportera même 2 nœuds sur votre corde ! Après tout, vos efforts méritent d’être récompensés comme il se doit…

 

Et si vous avez trouvé la lettre, mais qu’il n’est pas possible de la dessiner dans la mer…

… parce que, par exemple, il y a trop de vent et de houle… alors envoyez simplement la lettre à votre groupe WhatsApp. Dans ce cas, cependant, vous n’obtiendrez qu’un nœud au lieu de deux.

Claude fera alors savoir à Melusina que vous avez trouvé la solution et que vous souhaitez entrer en contact avec lui…