Eis Ekipp vu Pilote begleet iech während dem Rallye.
Si schecken iech Instruktiounen, bewerten wéi gutt dir d’Defien meeschtert, alarméieren iech, wann der an déi falsch Richtung fuert, oder soss eppes geschitt, wou dir musst drop oppassen.
Dir hutt jo e Seel kritt fir är Punkten a Form vu Kniet ze sammelen.
Maacht bei all Defi deen der packt e Knuet an dat Seel, da gesitt dir zu all Moment wéivill Punkten dir scho gesammelt hutt.
Heiandsdo muss äre PIlot iech vläicht och soen, dir sollt nees e Knuet erausmaachen, zum Beispill wann dir falsch fuert oder wann der versicht ze fuddelen, andeems der Kniet an äert Seel maacht, déi dir net zugutt hutt.
Wichteg : äre WhatsApp Groupe
Fir all Equipage hu mir e WhatsApp Grupp gemaach mat der Bezeechnung « Rallye Dossard » (also beispillsweis Rallye 17 wann dir d’Boot Nummer 17 sidd).
Mir hoffen, dass et geklappt huet, dass äre ganzen Equipage an deem Groupe ass, grad wéi och 2 vun eise Piloten, déi fir iech zoustänneg sinn. Wann ee vun iech net sollt drasinn, da frot äre Pilot, dass en dee soll bäisetzen.
Am Whatsapp Grupp gesitt dir dann alleguer, wéi eng Messagen äre Pilot iech scheckt.
An dee selwechte WhatsApp Grupp schéckt dir och d’Äntwerten op déi verschidden Aufgaben déi der kritt. Et geet natierlech duer, wann ee vun ärem Equipage dat mécht, dofir decidéiert zesummen, wien déi Missioun iwwerhëllt.
Wann dir bei engem Défi net weiderkommt, oder net wësst, wat dir wéi sollt maachen, kënnt dir och e Message an de WhatsApp Grupp schécken fir en Joker ze zéien. Äre Pilot hëlleft iech da weider, iwwer WhatsApp oder vläicht och iwwer Telefon. Dat kascht iech allerdengs dann 1 Punkt ( = 1 Knuet an ärem Seel ) … mee besser dat, wéi wann der op eemol guer net méi weiderkommt !
Hei kommen dann och schonn är zwee éischt Defien.
DEFI 1Et ass wichteg, dass dir deen éischten Défi elo direkt an Ugrëff huelt, well soss wësst dir net, wou dir vun der Startlinn aus sollt hifueren.
DEFI 2Fir deen zweeten Defi hutt dir e bësse méi Zäit, an et ass iech iwwerlooss, ob dir deen nach virum Départ oder eréischt dono knackt …
