Wann dir bei der Anse du Penhap ukommt, kritt dir vun engem Mataarbechter vun « Nautic-Sport » eng Bouée zougewisen ( VHF Kanal 6 ), oder gesot, wou dir sollt ankeren. Hien kënnt iech mat engem Semi-Rigide hëllefen a brengt iech dann u Land, wou nei Defien op iech waarden.
Preparéiert am viraus 2 Amarren riets a lénks um Virschëff, fir de Fall wou der Iech kënnt un enger Bouée festmaachen.
Hien seet iech dann och, ob ee muss u Bord bleiwen oder net. Am Idealfall soll de ganzen Equipage u Land goen, inklusiv Skipper a Co-Skipper. Et kann awer sinn, dass aus Sécherheetsgrënn de Skipper muss u Bord bleiwen.
Mat u Land sollt dir huelen (w.e.g. am viraus preparéieren) :
- Tenue an urdentlech Schong/Turnschlappen fir e klenge Footing
- Den Ziedel mat de Koordinate vum Schatz
- Op d’mannst 1 Smartphone mat Internetzougang
(fir Fotoen, Messagen, Recherchen, Orientatioun … )
Déi Escale u Land dauert 1 ½ Stonn, halt w.e.g. d’Auer am A a versicht no maximal 80 Minutten nees op där Plaz ze sinn, wou der u Land kommt. Dir gitt dann nees zereck op äert Boot bruecht.
All weider Informatiounen iwwer är Aufgaben u Land kritt dir, wann dir do sidd.
