Rallye : Arrivée

RESPEKT !

Dir hutt et gepackt, an de Comité de Course heescht iech häerzlech wëllkomm op der Île aux Moines !

Hei sidd der ganz no um Schatz. D’Melusina an d’Morgane hunn e schonn ausgebuddelt an op d’Terrass vum Comptoir des îles gestallt.

Et kann awer net egal wien en opmaachen. Well et si schwéier Ketten drëm, mat décke Schlässer.

D’Coden fir d’Schlässer hu just d’Gewënner vun dësem Rallye …  si wëssen et just nach net.

Wéi geet dat elo an der Praxis ?

Wann alles riicht leeft, wäerten déi lescht Equipagen hei géint 18h45 ukommen.

Soubal se all do sinn, versammele mir eis ronderem de Schatz, a kucken zesummen, wien déi meeschte Kniet am Laf vum Dag gesammelt huet. Vläicht sidd dir dat … ?

D’Gewënner-Equipagen dierfen dann d’Schatztruh opmaachen, an entdecken, wéi eng Iwwerraschung d’Melusina dra verstoppt huet. An da gëtt gefeiert !

Kommt dofir all um 19h00 bei de « Comptoir des Îles »… e bretoneschen Apéro waart op iech !

Wann dir bis dohinner nach Zäit hutt, kënnt dir gären nach en Tour dréie goen, op der Plage relaxen, oder wat och ëmmer iech no esou engem ustrengenden Dag Spaass mécht.

Mee verpasst net fir um 19h00 op där richteger Plaz ze sinn.

Et wir gutt, wann dir dann äert Seel mat de Kniet derbäi hätt, an och dee bretonesche Fändelchen deen der elo grad kritt hutt.

Bis gläich !