Wann dir beim Bojenfeld vu Port d’Arradon ukommt, kritt dir vun engem Mataarbechter vun « Nautic-Sport » eng Bouée zougewisen ( VHF Kanal 8 ). Hien kënnt iech mat engem Semi-Rigide hëllefen, fir un d’Bouée ze goen, a brengt iech dann u Land, wou verschidden Aufgaben op iech waarden.
Preparéiert am viraus 2 Amarren riets a lénks um Virschëff, fir iech un der Bouée festzemaachen.
Eventuell kritt dir och d’Uweisung, fir amplaz vun enger Bouée un de Ponton Visiteurs ze goen …do kënnt dir jo dann selwer u Land an erëm zeréck goen. Sou oder sou ass ee vum GLCR do, deen iech empfängt.
Mat u Land sollt dir do huelen (w.e.g. am viraus preparéieren) :
- Tenue an uerdentlech Schong/Turnschlappen fir e klenge Footing
- Den Ziedel mat de Koordinate vum Schatz
- Op d’mannst 1 Smartphone mat Internetzougang
(fir Fotoen, Messagen, Recherchen, Orientatioun … )
Déi Escale u Land dauert 1 ½ Stonn, halt also d’Auer am A a versicht no maximal 80 Minutten nees op där Plaz ze sinn, wou dir u Land kommt. Dir gitt dann nees zereck op äert Boot bruecht.
All weider Informatiounen iwwer är Aufgaben u Land kritt dir, wann der do sidd.
